Finanzagence Bloomberg deelt matD'Fluchgesellschaft Emirates huet wëlles 30.000 Leit z'entloossen

RTL Lëtzebuerg
Dat si ronn 30% vun de Persounen, déi an der Fluchgesellschaft ugestallt sinn. Och d'A380-Maschinne solle méi fréi stëll-geluecht ginn, wéi geplangt.

Eng Porte-Parole huet erkläert, dass een am Moment déi wirtschaftlech Situatioun vun der Entreprise préiwen. D’Emirates hat schonn Ufank Mäerz d’Mataarbechter opgefuerdert, onbezuelte Congé ze huelen.

Wéinst dem zäitweis komplette Stopp vum Reesverkéier, huet déi gréisste Gesellschaft fir Laangstreckeflich staark Verloschter a Kaf mussen huelen.

E Kommentar zum Ausmustere vun der A380-Flott gouf et net vun Emirates.

70% vun de Kapazitéite bei Betrib sinn den Ament net genotzt. Ronn 314 Milliarden Dollar un Ëmsaz bei Tickete wäerten dëst Joer bei Emirates ausfalen, esou Experten.

Den 21. Mee sollen déi éischte Flich a 9 Stied starten.

Back to Top
CIM LOGO