ItalienD'Grenze sollen den 3. Juni nees fir d'Touristen opgoen

RTL Lëtzebuerg
Italien huet Wëlles, seng Grenzen den 3. Juni nees fir Touristen opzemaachen, dat huet d'Regierung e Samschdeg de Moien offiziell annoncéiert.

Leit aus der EU an dem Schengenraum kéinten dann nees areesen, ouni mussen zwou Wochen a Quarantän
ze goen. D’Italiener selwer dierfen dann och nees vun enger Regioun an déi aner reesen. Domat soll de Stëllstand am Tourismus duerch d’Corona-Kris nees ugekuerbelt ginn, ee vun de wichtegste Wirtschaftsfacteuren an Italien.

Italien ass mat méi wéi 31.500 Doudegen eent vun deene Länner weltwäit, déi am schlëmmste vun der Pandemie betraff ass. Uganks Mäerz gouf eng Ausgangsspär a strikt Restriktiounen decidéiert, déi eréischt zanter just e puer Wochen lues a lues méi labber ginn.

D’Grenze waren ni ganz zou, areesen aus beruffleche oder gesondheetleche Grënn waren ëmmer méiglech, allerdéngs mat 14 Deeg Quarantän. Touristen hunn net dierfen areesen. Déi komplett Arees-Spär soll deemno Uganks Juni ganz ewechfalen, nei Beschränkungen kënnen awer zu all Moment nees ëmgesat ginn, wann d’Infektiounszuelen nees klammen.

Zanter e Méindeg hunn an Italien Restauranten, Caféen a Coiffersalonen nees op, 2 Wochen éischter wéi geplangt. Och d’Butteker hunn duerfen opmaachen, et duerf een nees aner Leit an der selwechter Regioun besichen. An de Kierchen sinn nees Massen, mat den néidegen Ofstand-Reegelen an d’Weiwaasserbecken muss eidel bleiwen. Gréisser Gruppe si weiderhin net erlaabt.

Back to Top
CIM LOGO