
Baséiert gëtt sech nämlech op Sondagen ënnert den Delegéierten vun den Demokraten, déi um Parteidag Mëtt August mussen ofstëmmen. An do huet d’Harris schonn eng confortabel Avance.
1.970 Stëmme wiere fir eng Nominatioun néideg. Méi wéi 2.500 Delegéiert hunn awer scho wësse gedoen, fir déi aktuell Vize-Presidentin wëllen ze stëmmen, nodeems den Joe Biden sech zeréckgezunn huet. Dat, an de Fait, dass eleng um Méindeg méi wéi 80 Milliounen Dollar u Walkampf-Spenden erakomm sinn, wieren e kloert Zeechen.
D’Harris selwer huet e Méindeg schonns duerchblécke gelooss, dass mat hir am Wäissen Haus, virun allem déi amerikanesch Mëttelschicht soll gestäerkt ginn.