UN-ExpertD’Menace duerch den IS ass an de leschte Méint ferm zeréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
Dat ass d’Fazit Wladimir Woronkow, dem Chef vum Anti-Terror-Büro bei der UNO.

D’Corona-Restriktiounen am ëffentleche Liewen, an d’Rees-Aschränkungen hätten den Terror-Risiko duerch den IS däitlech reduzéiert, heescht et an engem Spezialrapport iwwert d’Situatioun ronderëm den islamesche Staat.

Eng 10.000 Kämpfer géif et iwwregens nach ginn, haaptsächlech a méi klenge Gruppéierungen am Irak an a Syrien.

Back to Top
CIM LOGO