Temoignage vu Lëtzebuergerin u BordD'MSC World Europa houng 11 Stonnen um Mier tëscht Genua an Neapel fest

RTL Lëtzebuerg
Um fréie Méindegmoien ass e Croisièresschëff mat iwwer 6.000 Gäscht u Bord virun der italieenescher Insel Ponza um Mier stoe bliwwen.
© GARDEL BERTRAND / HEMIS.FR / hemis.fr / Hemis via AFP

Wärend ronn eelef Stonnen huet d’Schëff sech wéinst engem Probleem mat de Motoren net méi beweegt. Wärend zwou bis dräi Stonne war och de Stroum fort.

Och Lëtzebuerger sinn den Ament u Bord vun der MSC World Europa ënnerwee. Eng Fra aus dem Grand-Duché huet sech bei RTL gemellt an d’Situatioun u Bord erkläert.

Ewéi si eis um Telefon gesot huet, wier si kuerz viru 6 Auer e Méindegmoie wakereg ginn, well d’Nout-Luucht an der Kabinn, an där si zesumme mat hirer Cousine ënnerbruecht ass, u war. Deen Ament wier hir och opgefall, dass d’Motore vum Schëff net géinge lafen. Si ass doropshin aus hirer Kabinn gaangen an huet gesinn, dass d’Schëff op der Plaz stoung. Kuerz drop hätt de Kapitän vum Schëff dann eng global Annonce gemaach, dass et e Probleem mam Stroum géing ginn an d’Motoren dowéinst net géinge funktionéieren.

Annonce vum Kapitän vun der MSC World Europa
Annonce vum Kapitän vun der MSC World Europa

Tëschenduerch wier och de Stroum u Bord vum Schëff ausgefall an d’Toilette wiere wärend knapp dräi Stonnen net gaangen. Dat hätt hier een Ament Suerge gemaach esou d’Fra. Zesumme mam Personal wieren aktuell nämlech ronn 8.000 Persounen u Bord vum Schëff. Do hätt d’Situatioun u Bord riskéiert desagreabel ze sinn, wann d’Toiletten iwwer eng länger Zäit net funktionéiert hätten.

Esou gouf d’Lëtzebuerger Passagéierein vum Probleem gewuer

Am Allgemengen hätt d’Crew vum Schëff d’Situatioun awer gutt geréiert. D’Passagéier wieren all zwou Stonnen iwwer d’Situatioun informéiert ginn en Iessen a Gedrénks wier och genuch do gewiescht.

De Probleem mam Stroum gouf séier geréiert

Zanter kuerz no 16 Auer fiert d’Schëff elo nees. Dat allerdéngs net mat maximaler Vitess an et gëtt aktuell och vu Schëffer vun der italieenescher Garde-côtes eskortéiert. Als nächste Stopp steet elo den Hafe vun Neapel um Programm. Hei dierfen d’Passagéier awer net, ewéi eigentlech geplangt, vu Bord goen. Wéi et no dësem Stopp weidergeet, ass aktuell och nach net gewosst.

Et ass nach net gewosst, wéi et genee weidergeet

No enger Pann wéinst technesche Probleemer
E Boot vun der italieenescher Garde-côtes eskortéiert d’MSC World Europa
No enger Pann
Schëff vun der italieenescher Garde-côtes eskortéiert d’MSC World Europa

Wéi et vum Operateur MSC Cruises heescht, hätt zu kengem Ament eng Gefor fir d’Passagéier oder d’Crew vum Schëff bestanen.

Back to Top
CIM LOGO