FrankräichDoktere fuerdere Maskeflicht fir Kanner iwwer 6 Joer

RTL Lëtzebuerg
Dokteren a Frankräich fuerderen fir d'Schoulrentrée, datt all Kand iwwer 6 Joer eng Mask undeet.

En Dënschdeg ginn d’Schoulen an eisem Nopeschland erëm op an domat ginn iwwer 12 Millioune Schüler erëm zréck an hir Klassesäll.

D’geplangte Reegelen fir de Schoulufank den 1. September géife weder d’Personal nach d’Schüler an hir Familljen protegéieren, heescht et an engem oppene Bréif vu Medezinner, deen d’Zeitung “Le Parisien” verëffentlecht huet. Bis ewell gëllt d’Maskeflicht eréischt vun 11 Joer un. Onkloer ass nach, wéi vill Schüler infizéiert musse sinn, ier eng ganz Klass heem geschéckt gëtt.

E Freideg haten d’Autoritéite vun enger exponentieller Hausse vu Corona-Fäll geschwat. Bannent 24 Stonne goufen a Frankräich iwwer 7.000 Neiinfektioune registréiert.

Back to Top
CIM LOGO