
D’Versuchsdéier war en 30 Kilo schwéiert Schwäin. Déi éischt Tester goufen zwar u Mannequinen duerchgefouert, mä et kéint een net op Déiereversich verzichten, esou den Dr. José Manuel Trujillo, Spezialist am Beräich Soins intensifs, AFP géintiwwer. Dës wieren noutwenneg, éier Covid-19-Patiente mat Hëllef vun den neie Maschinne kënne beotemt ginn.
Déieren, déi tëscht 25 a 40 Kilo op d’Wo bréngen, ginn an e kënschtleche Koma gesat an intubéiert. Fuerscher provozéieren dann eng Verletzung an der Long, déi Otemproblemer bei Corona-Patienten a kriteschem Zoustand simuléiere soll. No engem Test vun zwou an enger hallwer Stonn gëtt d’Déier ageschléifert.

Mat senge 4 Milliounen Awunner zielt Panama iwwer 104.000 confirméiert Fäll an 2.213 Doudeger. Fir d’Patiente weiderhi behandelen ze kënnen, huet ee sech als Zil gesat, eng 50 Beootmungsmaschinnen z’entwéckelen, erkläert de Rolando Gittens, ee vun de Coordinateure vum Projet.
