BelschDokteren trotz positivem Corona-Test weiderhin am Déngscht

RTL Lëtzebuerg
Eis belsch Nopere sinn an enger kritescher Phas ukomm. Net just, dass hire Gesondheetssecteur iwwerlaascht ass, an de Spideeler ginn et vill Infektiounen.

Wéi lokal Gewerkschafte mellen, mussen an de Spideeler zu Léck Dosenden Dokteren a Krankefleeger weider schaffen, och mat enger Corona-Infektioun. Mä eng Alternativ wier fir vill Patienten nach méi schlecht.

“Mir musse wielen tëscht enger schlechter an enger ganz schlechter Léisung”, huet de Philippe Devos vum belsche Verband vun de medezinesche Gewerkschafte gesot. Déi ganz schlecht Léisung wier, d’Patiente guer net ze behandelen.

ECDC no ass d’Belsch dat Land an der EU, mat de meeschte Corona-Infektioune pro 100.000 Awunner bannent 14 Deeg. En Dënschdeg louch dee Wäert bei 1.390,9.

Betraff sinn awer net just d’Spideeler zu Léck, och aner Regioune stoussen ewell u hir Grenzen. Deels hu Patiente scho missen op Oochen verluecht ginn. Lescht Woch wieren am Schnëtt gutt 500 Infizéierter pro Dag an de Spideeler gezielt ginn, dat wier e Plus vun 88% am Verglach mat der Woch virdrun.

Back to Top
CIM LOGO