
An den USA war en Dënschdeg de Super Tuesday. Hei goufen a 15 vun de 50 Bundesstaate Virwalen organiséiert, fir ze decidéieren, wie jeeweils als Kandidat fir déi zwou grouss Parteie bei de Presidentiellen untriede soll. Bei dëse Virwale sinn de Republikaner Donald Trump an den Demokrat Joe Biden trotz stänneger Kritik als kloer Gewënner ervirgaangen.
Iwwerdeems d’Walbüroen am Alaska nach op hunn, leie fir de Gros awer schonn d’Prognosen nom Super Tuesday vir. Den Donald Trump huet d’Nikki Haley an 12 US-Bundesstaaten dominéiert. Seng parteiintern Konkurrentin konnt sech nëmme knapp am Vermont duerchsetzen.
Den Trump huet sech zefridde gewisen a vun engem “fantasteschen Owend” geschwat. “Dat ass grouss”, sot de fréieren US-President viru Supporter bei senger Residenz Mar-a-Lago am Bundesstaat Florida. Wéi gewinnt huet den Donald Trump sech selwer gelueft a seng Aarbecht, déi hien deemools am Wäissen Haus gemaach huet, nach eng Kéier betount. Iwwerdeem huet hie seng Partei zur Eenegkeet opgeruff. “Mir hunn eng groussaarteg republikanesch Partei mat enormen Talenter. A mir wëllen Eenheet, a mir wäerten Eenheet hunn, an et wäert immens séier goen.”
Nodeems US-Medien mat ënnert anerem dem “Wall street Journal” gemellt haten, datt d’Nikki Hailey elo géing aus der Course erauszeklammen, huet déi 52 Joer al Politiker hire Réckzuch aus dem Virwalkampf dann och offiziell gemaach. Domadder gëtt den Trump dann offizielle republikanesche Kandidat fir d’Presidentiellen de 5. November.
Bei den Demokrate gëllt eng Kandidatur vum aktuelle President Joe Biden als fix, well hie keng seriö Konkurrenz huet an deemno och all d’Virwale gewonnen huet. Nëmmen op der Insel Amerikanesch-Samoa hat de gréisstendeels onbekannten Demokrat Jason Palmer d’Virwal fir sech decidéiert. Hien huet sech mat 40 zu 51 Stëmmen duerchgesat. Am klengen US-Aussegebitt goufen allerdéngs nëmme sechs Delegéiertestëmme fir den Nominéierungsparteidag vun den Demokrate verginn.