Fro vu chinesescher US-JournalistinDonald Trump brécht Corona-Briefing no Sträit of

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Donald Trump huet eng Pressekonferenz gestoppt, nodeems hie mat enger US-Journalistin mat chineseschen Originne verbal unenee gerode war.

D’Journalistin Weijia Jiang vu CBS News hat den Trump gefrot, wisou hien d’Kapazitéiten an den USA bei den US-Virustester positiv mat anere Länner vergläiche géif, wéi wann et een internationale Concours wier. “Dat ass vläicht eng Fro, déi Dir China stelle sollt”, sou d’Äntwert vum Donald Trump doropshin.

D’Jiang huet mat enger Géigefro reagéiert, wisou de President grad hir géigeniwwer esou eng Bemierkung géing maachen. Domat wollt d’Journalistin undeiten, dass dës Ausso wuel mat hire chineseschen Originnen ze dinn hätt. Hie géing dat zu jidderengem soen, deen “esou béiss Froe stellt”, huet den Trump um Enn gekontert.

D’Weijia Jiang ass a China gebuer, awer an den USA opgewuess.

Den Donald Trump hätt duerno probéiert anere Journalisten d’Wuert ze ginn, iwwerdeems d’Jiang weidergeschwat an nogehaakt hätt. Kuerz drop huet den US-President d’Pressekonferenz ofgebrach an ass am Wäissen Haus verschwonnen.

Back to Top
CIM LOGO