Zweeten US-BundesstaatDonald Trump däerf bei de Presidentschaftsvirwalen am Maine net untrieden

Maxime Gillen
Dat huet den zoustännege Ministère zu Augusta matgedeelt.
© AFP (Archiv)

Decisioun Virwalen USA / Reportage: Maxime Gillen

Scho fir d’zweet koum e Freideg aus den USA d’Nouvelle, datt e Bundesstaat refuséiert, de fréieren US-President Donald Trump als Kandidat fir d’Virwal vun der republikanescher Partei z’acceptéieren. Nom Ieweschte Geriicht a Colorado war et elo déi am Maine fir d’Walen zoustänneg Politikerin, Secretary of State Shenna Bellows, déi d’Trump-Kandidatur blockéiert huet. Eng Decisioun, déi vum Donald Trump kontestéiert gëtt.

Hannergrond vun den Decisiounen a Colorado a Maine ass en Amendement vun der Constitutioun, deem no, kee fir e politescht Mandat dierf kandidéieren, dee bei enger Revolt derbäi war. A genau dat gëtt dem Donald Trump am Kader vun der Attack op d’Parlament am Januar 2021 reprochéiert.

Béid Decisioune kënnen nach gekippt ginn. Dat virop vum Supreme Court, also dem ieweschte Geriicht op nationalem Niveau. An do muss den Donald Trump just op engem vu ville Punkte Recht kréien, wéi den Droitsprofesser vun der Notre Dame Law School Derek Muller erkläert.

“Fir dës Decisioun ze kippen, muss den Trump just op engem Punkt Recht kréien, esou dass hie ka soen ‘Meng Aussoe sinn duerch den 1. Verfassungszousaz geschützt’, oder ‘D’Amt vum President steet net explizitt ënnert dem Punkt 3 vum 14. Amendement an dowéinst fale Presidentschaftskandidaten och net do drënner’ (...) De Supreme Court huet deemno vill Punkten ze klären. A fir all eenzele gëllt, dass wann et fënnt, dass de Supreme Court am Colorado Onrecht huet, dass dat Urteel gekippt gëtt. An dat bedeit, den Trump gewënnt an hie kënnt op de Walziedel.”

Sollt d’Decisioun fir dem Trump seng Kandidatur ze blockéieren also confirméiert ginn, kéint dat seriö Konsequenze fir seng Kandidatur hunn. Änlech Prozesser ginn et nämlech och nach an enger Rei anere Staaten.

Aktuell huet dat awer nach keen Afloss dorobber, ob den Donald Trump republikanesche Kandidat fir d’Presidentiellen dat anert Joer ka ginn. Den Ament läit hien an de Sondagen nämlech wäit viru senger parteiinterner Konkurrenz, esou dass hien d’Stëmmen aus dësen zwee Staaten à la limite guer net brauch.

Wéi geet et elo virun?

Bei deene leschte Wale stoung spéitstens nom sougenannte Super-Tuesday fest, wie fir d’Republikaner an d’Demokraten an d’Course ëm de Presidenteposte geet. Op deem Dag sinn d’Virwalen a 15 Staaten.

Dës Kéier kéint sech d’Decisioun bei de Republikaner awer bis nom Super-Tuesday de 5. Mäerz zéien, sollt seng Nominatioun och nach an anere Staate refuséiert ginn. Um Parteidag gëtt dann de Kandidat fir d’Presidentiellen offiziell genannt. Bei de Republikaner ass dat Mëtt Juli, bei den Demokraten Enn August.

Dee Moment gëtt de richtege Walkampf lancéiert, ënnert anerem mat Tëleesdebatten tëscht de Presidentschaftskandidaten, ier de 5. November en neie President gewielt gëtt.

Konkurrenz fir Biden an Trump

Aktuell huet den Donald Trump 5 parteiintern Konkurrenten. Ma nëmmen zwee vun hinnen hunn eng realistesch Chance hien ze klappen. Dat sinn de Gouverneur vu Florida, Ron DeSantis an déi fréier UNO-Ambassadrice Nikki Haley.

Den Joe Biden huet bei den Demokrate just zwee Konkurrenten, an zwar d’Autrice Marianne Williamson an den Deputéierten Dean Philipps. Alle béid sollen awer kaum Chancen hunn.

Walbedruch oder net?

Den Joe Biden hat bei de Presidentiellen 2020 géint den Donald Trump gewonnen. Ma dee refuséiert zanterhier seng Defaite z’acceptéieren an huet ëmmer erëm behaapt, d’Wale wiere manipuléiert gewiescht. Dës Reprochë konnte bis ewell awer all Kéiers widderluecht ginn.

Trotzdeem huet den Donald Trump seng Supporter iwwer Méint opgestëppelt. An dat soll de 6. Januar 2021 dozou bäigedroen hunn, dass d’Parlament attackéiert gouf. Dowéinst ass hien dann och schonn zwee Mol ugeklot ginn. Béid Prozesser sollen d’nächst Joer an domat matten am Walkampf ufänken.

Back to Top
CIM LOGO