Decisioun vun ieweschtem GeriichtshaffDonald Trump dierf net bei Virwalen a Colorado untrieden

RTL Lëtzebuerg
Et ass en Urteel mat potentiell enorme Konsequenzen. De fréiere President Donald Trump dierf am US-Bundesstaat Colorado net fir d'Virwalen 2024 untrieden.
© JOE RAEDLE / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Den ieweschte Geriichtshaff am US-Bundesstaat Colorado huet decidéiert, dass de fréiere Präsident Donald Trump am Colorado dat nächst Joer net däerf mat an d’Wale goen.

Korrespondenz USA: Trump net bei Virwalen a Colorado / Reportage George Zens

D’Riichter beruffe sech bei hirem Urteel op e Paragraph vum 14. Amendement vun der amerikanescher Verfassung. Dëse Paragraph, Sektioun 3 genannt, seet, dass een, deen en Eed op d’amerikanesch Verfassung ofgeluecht huet, an dann un enger Insurrektioun oder Rebellioun géint d’Verfassung deelgeholl huet, kee politescht Amt méi kann ausüben. Dëse Paragraph war nom amerikanesche Sezessiounskrich an d’Verfassung opgeholl ginn, fir ze verhënneren, dass fréier Politiker aus de Südstaate kéinten nees politesch aktiv ginn.

Et ass fir d’éischte Kéier, dass dës Verfassungsklausel géint e fréiere Präsident agesat gëtt. An Dosende vu Geriichtsaffäre a Staate queesch duerch d’USA probéieren demokratesch an och moderéiert republikanesch Aktivisten den Donald Trump esou ze stoppen. Den Ausléiser dofir sinn d’Evenementer vum 6. Januar 2021, wou Supporter vum Donald Trump d’Kapitol zu Washington gestiermt haten. A verschiddene Staaten, dorënner Minnesota a Michigan, hu Geriichter zugonschte vum Donald Trump decidéiert. D’Urteel am Colorado huet den ieweschte Geriichtshaff mat 4 géint 3 Stëmmen ugeholl.

Alle 7 Riichter si vun demokratesche Gouverneuren ernannt ginn. D’Geriicht huet d’Exekutioun vum Urteel allerdéngs bis de 4. Januar op Äis geluecht, fir dem ieweschte Geriichtshaff vun den USA d’Chance ze ginn, an där Affär dat lescht Wuert ze hunn. Dat muss virum 5. Januar geschéien, well dat ass den Delai fir d’Walziedele fir d’Primärwalen am Colorado ze drécken. Bei de Walen am Joer 2020 hat den Joe Biden de Colorado mat 13 Prozentpunkten Avance gewonnen. Den Donald Trump brauch de Colorado awer net, fir um Enn gewielt ze ginn. Trotzdeem ass d’Urteel wichteg, well deemno wéi dem US Supreme Court seng Decisioun ausfält, kéint et e Präzedenzfall schafen.

Back to Top
CIM LOGO