
A sengem Medium “Truth Social” huet de fréieren US-President Donald Trump den aktuelle President vun den USA dozou opgefuerdert, e kognitive Leeschtungstest ze maachen. “Vläicht wäerte mir op dës Aart a Weis erausfanne kënnen, firwat hien esou schlecht Decisiounen hëlt”, schreift den Trump op “Truth Social”.
De 77 Joer alen Trump huet sech iwwerdeem domat gebretzt, datt hie selwer zwee där Tester gemaach huet an dës “mat Bravour bestanen” hätt. Den Trump spillt mam Test dorop un, datt den 81 Joer alen Joe Biden ëmmer nees Suerge mat Verwiesslunge mécht oder andeems hie sech verschwätzt. Dëst leescht sech den Trump allerdéngs och.
Aus Sondagë geet ervir, datt eng Majoritéit vun de Wieler an den USA béid Kandidaten ze al, fir e weidert Presidentenamt fannen.
Eréischt e Mëttwoch war den aktuellen US-President Biden bei sengem järleche Gesondheetscheck. Säin Dokter, de Kevin O’Connor, huet dono erkläert, datt de President nach ëmmer “déngschtfäeg” wier. Den Joe Biden wier “e gesonden, aktiven, robusten 81 Joer ale Mann, deen nach ëmmer an der Lag ass, d’Aufgabe vun der Presidentschaft mat Succès z’erfëllen”.
Zu der medezinescher Kontroll gehéiert allerdéngs kee kognitiven Test. Esou en Test bei President ass dem Wäissen Haus no iwwerflësseg.
Den Donald Trump, deen iwwerdeems fuerdert, datt all d’US-Presidenten a Kandidaten e kognitiven Test maache sollen, hat scho wärend dem Walkampf 2020 verlaangt, den Joe Biden ze testen. Och deemools hat den Trump domat uginn, datt hien e kognitiven Test bestanen hätt, wat allerdéngs éischter zu Spott gefouert huet. Beim Demenztest huet de fréieren US-President ënnert anerem misse Biller vun Déieren ënnerscheeden an d’Wierder “Persoun, Fra, Mann, Kamera, Fernsee” an der richteger Reiefolleg widderhuelen.