
Den infizéierte President Donald Trump ass no senger Entloossung am Spidol zeréck an d‘Wäisst Haus geflunn. Den US-President huet dann och direkt nees fir Polemik gesuergt. No senger Arrivée am Wäissen Haus huet hien nämlech seng Mask ausgedoen. Obschonns en nach ustiechend ass.
Seng Doktere soen, datt ee réischt d’nächst Woch kann Entwarnung ginn, wat dem Trump seng Gesondheet ugeet.
An engem Video op Twitter huet hien en Appell un d’Leit gemaach, keng Angscht virum Coronavirus ze hunn. D’USA hätten déi bescht Medikamenter vun der Welt. Hie géif sech besser fillen ewéi virun 20 Joer. Trotz der Pandemie sollten d’Leit virun d’Dier goen.
Kritiker, besonnesch aus den demokrateschen Reie geheien dem Trump vir, esou Aussoe ganz einfach kënnen ze maachen, am Wëssen, dass hien de ganzen Dag eng ganz Doktesch-Ekipp ronderëm sech hat an och am Wäissen Haus weiderhi wäert hunn.
De republikanesche President wëll iwwerdeems och rëm séier an de Walkampf. An och an den nächste Fac-à-Face mat sengem demokratesche Konkurrent Joe Biden de 15. Oktober. D’USA wielen den 3. November e neien President.
Iwwerdeems gouf elo och bekannt, datt sech Porte-Parole vum Trump mam Coronavirus infizéiert huet.
