
De fréieren US-President Donald Trump mécht Appell virum ieweschte Geriicht géint eng Decisioun mat där seng Immunitéit soll opgehuewe ginn. Uganks Februar hat e Geriicht nämlech decidéiert, dass hie kéint ugeklot gi wéinst versichtem Walbedruch wärend senger Zäit als President.
Seng Affekoten argumentéieren, hie kéint net strofrechtlech poursuivéiert ginn, wéinst Saachen, déi a seng Zäit am Wäissen Haus falen. Duerch dësen Appell um Supreme Court kéint et bis no de Walen am November daueren, bis et eng Decisioun an där Affär wäert ginn.