
Den Donald Trump huet déi amerikanesch Bierger eng éischte Kéier ausdrécklech dozou opgefuerdert, e Mask unzedoen. Ob een e gär huet oder net, e géing wierken, betount hie wärend enger Pressekonferenz. “Et wäert leider nach méi schlëmm ginn, éier et besser gëtt”, warnt hien. Op Twitter huet hie Leit als “patriotesch” bezeechent, déi e Mask géingen unhunn.
An der Vergaangenheet huet sech den US-President ëmmer nees lëschteg iwwert de Mond- an Nueseschutz maach. A konservative Kreesser gëllt dëst Stéck aus Stoff als Ausdrock vu Schwächt.
Déi dramatesch Entwécklung an den USA setzt den Donald Trump ëmmer méi ënner Drock. Dëst ass wuel och de Grond, wisou e Pressebriefing iwwert d’Lag vum Land aberuff gouf. Mëttlerweil si ronn 2/3 vun den Awunner an den USA net zefridde mat der Corona-Krisepolitik vum Republikaner. An den Ëmfroen zu de Presidentschaftswalen am November läit den Donald Trump däitlech hannert dem Joe Biden.
Am Géigesaz zu senge fréiere Pressekonferenzen ass hien dës Kéier net a Begleedung vun Experten opgetrueden, mä eleng. Vu sengem Beroder Anthony Fauci huet sech den Donald Trump dës Lescht distanzéiert.
Zanter iwwert enger Woch mellen d’USA all Dag iwwer 60.000 Neiinfektiounen. Am Ganzen hu sech schonn 3,8 Millioune Mënschen infizéiert, d’Zuel vun Doudesaffer läit den Ament bei ronn 142.000. Domat sinn d’Vereente Staate vun Amerika mat Ofstand weltwäit dat Land, dat am stäerkste vun der Pandemie betraff ass.
