"Nobody likes me"Donald Trump verléiert u Popularitéit

RTL Lëtzebuerg
Wärend enger Pressekonferenz en Dënschdeg am Wäissen Haus huet den US-President beklot, ëmmer manner beléift ze si bei den Awunner.

Am Kontext vun de Presidentschaftswale geet aus de rezentsten Ëmfroen ervir, dass den Donald Trump däitlech hannert sengem Géigner Joe Biden läit. Net nëmmen den US-Demokrat schéngt méi beléift ze si wéi de President selwer, mä och dem Donald Trump säi Pandemie-Beroder Anthony Fauci. “Dat muss wuel u menger Perséinlechkeet leien”, sou den Trump. Weider huet hie beklot, dass kee frou mat him wier (“Nobody likes me”). An de vergaangene Wochen hat de Republikaner versicht, d’Glafwierdegkeet vum Fauci, dem Leeder vum Nationalen Institut fir Allergien an Infektiounskrankheeten a féierende Corona-Expert an den USA, z’ënnergruewen.

Pandemie-Ëmgang an der Kritik

Dem Donald Trump gëtt vu villen US-Bierger virgehäit, d’Gefor, déi vum Coronavirus ausgeet, laang Zäit ënnerschat an net eescht geholl ze hunn. Eng Haltung, déi dem President zum Verhängnes kéint ginn. Den Joe Biden konnt säi Virsprong op de Republikaner dës Lescht ëmmer méi ausbauen.

Mat Bléck op d’Corona-Zuelen, déi landeswäit konstant klammen, huet den Trump lescht Woch eng éischte Kéier fir de Mond- an Nueseschutz plädéiert. Dat, nodeems hie sech wärend Méint lëschteg iwwert de Mask gemaach huet.

Dës Weideren huet hien en Dënschdeg nees d’Malaria-Medikament Hydroxychloroquin verdeedegt: “Vill Doktere sinn der Meenung, dass et extrem nëtzlech wier”. Vill Wëssenschaftler a Medezinner zweifele mëttlerweil allerdéngs un der Wierkung vun dësem Mëttel am Kampf géint de Coronavirus.

Eng Fra als Vizepresidentin?

En Dënschdeg huet de Biden ugekënnegt, d’Kandidatin fir d’Amt vun der Vizepresidentin nächst Woch auszewielen. D’Senatorin Kamala Harris gëllt als eng vun de Favoritinne fir dëse Posten. Am Gespréich sinn awer och déi national Sécherheetsberoderin Susan Rice an d’Buergermeeschterin vun Atlanta Keisha Lance Bottoms.

Infektiounszuele klammen an den USA

Kee Land op der Welt zielt esou vill confirméiert Fäll wéi d’USA. Ronn 4,35 Milliounen Infektiounen an iwwer 149.000 Doudesaffer goufe bis ewell gemellt.

Back to Top
CIM LOGO