Weider Néierlag fir d'Nikki HaleyDonald Trump wënnt och Virwalen am Bundesstaat South Carolina

RTL Lëtzebuerg
Och an hirem Heemechtsbundesstaat huet d'Republikanerin Nikki Haley géint hire Konkurrent Donald Trump bei de Virwale vun de Republikaner verluer.
© AFP

Bei de Virwale fir déi republikanesch Presidentschaftskandidatur am US-Bundesstaat South Carolina huet de fréieren amerikanesche Präsident Donald Trump kloer géint seng lescht Konkurrentin Nikki Haley gewonnen.

Republikaner-Virwal am US-Bundesstaat South Caroline / Korrespondenz George Zens

U sech ass dat antëschent net ongewéinlech, well hien huet bis elo all Virwal an dësem Walkampf fir sech entscheet. Wat awer hei besonnesch ass, dat ass dass South Carolina dem Nikki Haley säin Heemechtsstaat ass. Si war do Gouverneur vun 2011 bis 2017, an dës Néierlag ass villen Observateuren no den Ufank vum Enn vun hirer Campagne géint den Donald Trump.

Dës Victoire ass fir den Donald Trump awer net nëmme wichteg, well d’Nikki Haley domat souzesoen en Heemspill verluer huet, mee och, well South Carolina deen éischte vun de Süd-Staaten ass, an dem gewielt gouf, a well mat Ausnam vum Newt Gingrich am Joer 2012, zanter 1980 nach kee Kandidat déi republikanesch Nominatioun fir d’Presidentschaftswalen am November krut, deen d’Virwalen am South Carolina verluer hat.

Zwar ass theoretesch nach alles méiglech, well den Donald Trump bis elo manner wéi 10 Prozent vun den 1.215 Delegéierten huet, déi e brauch, fir am Summer um Parteikongress vun de Republikaner zu Milwaukee als Kandidat gewielt ze ginn. Mee d’Nikki Haley huet der nach vill manner, an et gëtt kaum nach en Observateur, deen domat rechent, dass si dem Donald Trump säi Momentum kéint briechen.

Mee d’Nikki Haley wëllt net opginn, wéinstens elo nach net, a si huet deklaréiert wéinstens bis de Super Tuesday an der Course ze bleiwen. Um Super Tuesday, de 5. Mäerz, stinn iwwer 800 Delegéierten a 16 Staaten an Territoiren um Spill, dorënner an zwee vun deene gréisste Staaten, Kalifornien an Texas. Bis Enn Mäerz wäert d’Course dann awer definitiv gelaf sinn, well bis dohi si 70% vun allen Delegéierte bestëmmt.

Back to Top
CIM LOGO