
Ënner anerem dem NDR a weidere Medie soll eng Datei mat iwwer 70.000 Biller virleien, déi doudeg Häftlingen, Geheimdéngschtënnerlagen, Lëschte mat Militär-Memberen an Doudeschäiner vu Prisonéier weisen.
D’Donnéeë géife weisen, wéi a Syrien bis zur Verdreiwung vum Assad am Dezember 2024 Mënschen ausspionéiert, agespaart an zu Doud gefoltert goufen. De Gros vun de Läichen, déi op de Fotoen ze gesi sinn, weisen deemno däitlech Unzeeche vun Ënnerernierung a kierperlecher Gewalt.
Och beweisen d’Donnéeën, datt d’Militärspideeler eng wichteg Roll bei der Ënnerdréckung a Syrien gespillt hunn: An engem Spidol zu Damaskus hätten Doktere beispillsweis op den Doudeschäier vu verstuerwene Prisonéier onofhängeg vun der Doudesursaach dës als “Häerzstëllstand” bezeechent. Iwwerliewend Prisonéier haten doriwwer eraus schonn an der Vergaangenheet vun enger eegener “Folteretage” am concernéierte Spidol bericht.
D’Donnéeë goufe Medieberichter dem däitschen NDR zougespillt, dësen huet se mam WDR, der “Süddeutsche Zeitung” an dem Internationale Konsortium vun Investigative Journalisten (ICIJ) a weidere Medienhaiser gedeelt. D’Resultater vun der Recherche solle geschwë weltwäit als “Damascus Dossier” verëffentlecht ginn.
Fir däitsch Enquêteure sinn d’Donnéeë besonnesch interessant, well syresch Täter och an Däitschland fir Verbrieche kënnen ugeklot ginn, déi si a Syrien begaangen hunn. Am “Folter-Spidol” vun Damaskus solle beispillsweis och Doktere geschafft hunn, déi haut an Däitschland praktizéieren.
De Baschar al-Assad war wärend bal 25 Joer a Syrien un der Muecht, ier en am Dezember zejoert vun ënner anerem der islamistescher HTS-Miliz gestierzt gouf. Hie befënnt sech den Ament mat senger Famill am Exil zu Moskau. Him gi massiv Mënscherechtsverletzungen a Krichsverbriechen aus senger Amtszäit reprochéiert, ënner anerem Folter an Ermordung vu Kritiker oder den Asaz vu Gëftgas wärend dem syresche Biergerkrich.