
Den dänesche Landwirtschaftsminister huet zouginn, datt d’Regierung do e Feeler gemaach huet, well et keng rechtlech Basis fir d’Schluechte vun den Déiere gëtt, deenen hir Ziichter net an de Risikogebitter liewen.
An awer huet de Mogens Jensen all d’Ziichter opgeruff, mam Schluechte wéi geplangt weiderzemaachen. Hir Kooperatioun wier déi beschten Hëllef, fir d’Gesondheet vun de Mënschen ze schützen.
Leschte Mëttwoch hat d’Regierungscheffin Mette Frederiksen d’Doutmaache vu bis zu 17 Milliounen Déieren ugekënnegt, nodeem eben eng mutéiert Form vum Coronavirus bei verschiddenen Näerze fonnt gouf. Et géif de Risk bestoen, datt dës Mutatioun eng méiglech Impfung géif onwierksam maachen.
Bis dësen Dënschdeg goufen dann schonn 2,4 Milliounen Déieren noutgeschluecht. Verschidden Ziichter hu sech awer dogéint gewiert, och hir gesond Déieren ze schluechten. E Gesetz, wat dëst erméiglecht, sollt en Dënschdeg vum Parlament an engem “Schnellverfaren” decidéiert ginn. Well de Gros vun de Parlamentarier mam Entworf vun der Regierung, déi keng Majoritéit am Parlament huet, awer net averstanen ass, wäert d’Gesetz wéi üblech an Dänemark eréischt no der drëtter Liesung kënne gestëmmt ginn.
D’Mutatioun vum Virus, déi “Cluster-5" gedeeft gouf, gouf nieft den Déieren och bei 12 Persoune festgestallt. D’Leit aus der am schwéierste betraffene Regioun a Jütland dierfen dowéinst aktuell hir Regioun net méi verloossen. Well an de leschten Deeg awer keng Neiinfektioune méi vum Cluster-5 entdeckt goufen, ass d’Hoffnung grouss, datt de Stamm beim Mënsch nees verschwënnt.
