
Dat gouf e Méindeg den Owend confirméiert.
Den Trump hätt scho proposéiert, dass en enken Alliéierte vun him, de Michael Whatley, neie Parteichef soll ginn a seng Schwéiesch, d’Lara Trump, de Poste vun der Co-Presidentin soll iwwerhuelen.
De Schrëtt weist, wéi eng enorm Muecht den Trump nees an der Partei hätt, heescht et vu Polit-Commentateuren an den USA. Hie wéilt, mat Bléck op eng méiglech nächst Amtszäit am Wäissen Haus, just nach Leit a Spëtzepositioune gesinn, deenen hien zu 100% vertraut.