Passagéier musse sech op Ausfäll bei de Flich astellenD'Pilote vun der Lufthansa streiken e Méindeg an en Dënschdeg

AFP, iwwersat vun RTL
D'Pilote-Gewerkschaft Cockpit stécht aktuell mat der Lufthansa an engem Sträit ëm d'Pensiounen.

Den däitsche Fluchverkéier wäert e Méindeg an en Dënschdeg nëmme ganz ageschränkt funktionéieren. D’Pilote vun der Lufthansa wäerten op béiden Deeg streiken. Nieft der Lufthansa selwer sinn och d’Cargo-Airline “Cargo” an d’Duechter-Airline “Cityline” vum Streik betraff. Flich an den Noen Oste wäerten net vum Streik betraff sinn.

Hannergrond vum Streik ass e Sträit tëscht der Pilote-Gewerkschaft “Vereinigung Cockpit” an der Lufthansa ëm d’Pensioune bei der Fluchgesellschaft.

Back to Top
CIM LOGO