
Déi däitsch Police-Presidentin huet annoncéiert, dass eleng an der Haaptstad Berlin ronn 4.000 Polizisten sollen aktiv sinn, fir Gewalt ze verhënneren. . Duerch de Krich an der Gaza-Regioun wier d’Ausgangspositioun eng aner. Zu Köln gëtt et méi Police-Presenz ronderëm den Doum, well de Risiko vun Attacken eropgaange wier. Deels sollen d’Polizisten och mat Maschinnegewierer duerch d’Stad patrulléieren.
Och a Frankräich gëtt de Sécherheetsdispositif an d’Luucht gesat. Méi wéi 90.000 Polizisten géifen uechter d‘Land mobiliséiert, esou d’Directrice vum nationale Geheimdéngscht. Fir d‘Silvester-Party op de Champs-Elysées gi sech méi wéi 1,5 Millioune Mënschen erwaart. Den Inneminister Darmanin huet vun enger ganz grousser terroristescher Gefor geschwat, ënnert anerem wéinst dem Krich am Noen Osten.