Wéinst Klimaschutz a SécherheetD'Produktioun vun den olympesche Réng war eng Erausfuerderung

Marc Hoscheid
De 26. Juli, also a ronn zwou Wochen, fänken zu Paräis déi 33. Olympesch Summerspiller un.
Produktioun vun olympesche Réng war eng Erausfuerderung
Et war de Responsabele wichteg, datt esou mann wéi méiglech CO2 bei der Produktioun vum Stol verbraucht géing ginn.

Lëtzebuerg gëtt dobäi um sportleche Plang duerch 13 Athletinnen an Athlete vertrueden. Ma indirekt ass de Grand-Duché och nach op eng aner Aart an der franséischer Haaptstad mat derbäi.

Wann een am Zentrum vun der Metropol ënnerwee ass, ass d’Reklamm fir d’Olympesch Spiller omnipresent. An och d’Preparatiounsaarbechte lafen op Héichtouren. Zum Beispill laanscht d’Seine, wou d’Tribüne fir d’Spectateuren entweder scho stinn oder nach amgaange sinn, opgebaut ze ginn. Zanter gutt engem Mount hänken déi Olympesch Réng um Eiffeltuerm.13 Meter héich, 29 Meter breet an 30 Tonne schwéier ass d’Installatioun, déi vun Arcelor Mittal realiséiert gouf.

Wat war dann déi gréissten Erausfuerderung bei deem Projet?

“C’est d’arriver à déjà à faire tout ça en sécurité. On travaille de nuit, on travaille en hauteur, donc ça c’est toujours risqué. Donc d’avoir une sécurité de ne pas avoir de blessés, de morts même, quand il y a des chutes importantes. Le grand défi c’était ça, c’était montrer les anneaux et pas de montrer la structure qui les supporte. De les éclairer correctement, que tout le monde trouve ça beau et finalement se pose pas trop la question de comment on les a fait.”

Um Arc de Triomphe gëtt iwwerdeems mat de sougenannten Agitos Reklamm fir d’Paralympesch Spiller gemaach, déi no deenen Olympesche Spiller zu Paräis organiséiert ginn. Agitos ass iwwregens vum laténgesche Wuert fir “ech beweege mech” ofgeleet. Bei béide Projete war et deene Responsabele wichteg, datt esou mann wéi méiglech CO2 bei der Produktioun vum Stol verbraucht géing ginn. Sou gouf en net nëmme komplett a Frankräich hiergestallt, am Ganze waren dobäi ronn 2.000 Persoune bedeelegt, mee et koum och eng speziell Zort vu Stol an den Asaz.

“On a utilisé d’acier décarbonné. On a un acier qui est aux allentours de 1.000 Kilos de carbone par tonne d’acier produit. Ce qui est assez bas par rapport à de l’acier qui fait normalement à partir de Hauts fourneaux en général aux allentours de 2-2,1 tonnes de carbone. Donc c’est moins de carbone.”

Besonnesch an d’A falen d’Réng, wann d’Sonn bis ënnergaangen ass. Déi wäiss Beliichtung ass néideg, well dee schwaarze Rank soss an der Däischtert net ze gesi wier. Hie symboliséiert, zesumme mat deem bloen, deem gielen, deem gréngen an deem rouden, déi fënnef Kontinenter. De Countdown bis Sportler aus aller Welt bei de Spiller zu Paräis beienee kommen, leeft. An dat net just fir déi olympesch.

Back to Top
CIM LOGO