Dräi weider Persoune blesséiertDräi Amerikaner stierwe bei ISIS-Attack a Syrien

AFP, iwwersat vun RTL
Dräi Amerikaner sinn e Samschdeg a Syrien bei engem Iwwerfall ëm d'Liewe komm, wéi US-Autoritéite mellen.
© SEBASTIAN GOLLNOW/dpa Picture-Alliance via AFP

Zwee US-Zaldoten an en US-Zivilist goufen deemno ëmbruecht, nodeems si a Syrien vun engem bewaffenten ISIS-Kämpfer, deen eleng war, an eng Fall gelackelt goufen. Dräi weider Zaldote goufen dobäi blesséiert.

Wéi d’US-Autoritéite weider mellen, wier den ISIS-Kämpfer ëmbruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO