Nieft den dräi Doudesaffer wier och de presuméierten Täter dout, deen no senger Dot vun engem Gebai erofgespronge war, fir enger Festnam ze entgoen, sou de Buergermeeschter Chiang Wan-an.
D’Motiv vum Ugräifer ass aktuell nach onkloer. Den taiwanesche Regierungschef huet awer vun enger “virsätzlecher Dot” geschwat. De maskéierten Täter hat deemno an der Haapt-Metrosstatioun vun Taipeh an an der Statioun Zhongshan mat engem spatze Géigestand op Mënschen agestach an dobäi “fënnef oder sechs Brand- oder Dampbommen” geheit.
Wéi d’Pompjeeë matgedeelt hunn, ginn et nieft den dräi Doudesaffer och fënnef Blesséierter. Déi meescht vun den Affer hate Stéchblessuren, dräi Mënschen hunn dobäi en Häerzinfarkt krut. Ënnert den Doudege wier, wéi de Buergermeeschter preziséiert huet, och ee Mann, deen an der Metrosstatioun probéiert hätt, den Ugräifer ze stoppen. “Leider gouf hien attackéiert an ass gestuerwen”, sou den Chiang.
A ganz Taiwan goufen no den Attacken d’Sécherheetsmesure verschäerft. De Regierungschef Cho huet gesot, datt op “alle wichtege Plazen”, wéi Garen, Metrosstatiounen, Flughäfen an Autobunnen d’Sécherheetspersonal op eng erhéicht Alarmbereetschaft versat gi wier.