
Um Freideg war een nach zouversiichtlech, dass een d’Leit deen Dag nach géif befreit kréien, well deen Ament just nach 14 Meter d’Aarbechter vun der Befreiung getrennt hunn.
Wéi et du just nach 9 Meter waren, ass de risege Spezialbuerer op déck Metallträger a verschotte Gefierer gestouss.
Den australeschen Tunnelexpert Arnold Dix, deen d’Aarbechten op der Plaz ënnerstëtzt, huet matgedeelt, dass de Buerer net méi kéint gefléckt ginn.
En anert Team ass elo mat engem schwéieren Äerdbagger iwwert dem Tunnel aktiv. Et probéiert een elo e knapp 90 Meter déiwe Schacht ze bueren, fir bei d’Plaz ze kommen, wou d’Aarbechter agespaart sinn. Och vum aneren Enn vum Tunnel aus huet een ugefaangen e Rettungsschacht ze bueren. Hei wieren et awer geschate 480 Meter, déi missten iwwerwonne ginn.
Iwwert e metallene Rouer kréien d’verschotten Aarbechter aktuell Iessen a Gedrénks.

D’indescht Militär huet dann um Sonndeg och weidert Spezialmaterial ageflunn, fir bei de Biergungsaarbechten ze hëllefen. Dorënner soll och e Plasmaschneider sinn, heescht et vum Rettungspersonal op der Plaz.