
Déi italienesch Regierung reagéiert mat schaarfe Mesuren op déi zweet Corona-Well.
Fir den héijen Zuelen u Corona-Infektiounen entgéint ze wierken, huet d’Regierung d’Opdeelung vum Land an dräi Covid-19-Geforenzonen decidéiert. Detailer huet de Ministerpresident Giuseppe Conte en Donneschdeg bekannt ginn. Als rout Zonen huet d’Regierung ënnert anerem d’Lombardei mat der Haaptstad Mailand, de Piemont mat der Metropol Turin a Kalabrien deklaréiert. Insgesamt liewe 16 Millioune Mënschen an de rouden Zonen, dat ass méi wéi ee Véierel vun der italienescher Bevëlkerung.
An dëse véier Regioune gëllt vun e Freideg un eng Ausgangsspär. D’Mënschen dierfen hir Wunnengen nëmmen nach verloossen, wa se op d’Aarbecht ginn, bei den Dokter mussen oder soss e wichtege Grond hunn. Alleguer d’Baren an d’Restaurante ginn zougemaach.
Donieft ass et verbueden, fir an aner Regiounen ze reesen, awer och bannent der Zon an aner Stied ze fueren. E groussen Deel vun de Schoule muss och seng Dieren zoumaachen. Fir déi méi eeler Schüler ass Homeschooling virgesinn, Unterrecht an der Schoul gëtt et nëmmen nach fir Schüler bis d'6. Schouljoer.
An den orangen Zonen (Sizilien an Apulien) gëllt eng Ausgangsspär vun 22 bis 5 Auer. Baren a Restaurante mussen och hei komplett zoumaachen. Hei bleiwen d’Schoule fir Schüler bis déi 9. Klass op.
Et gëtt “keng Alternativ” zu den decidéierte Mesuren, sou de Ministerpresident Giuseppe Conte. E Mëttwoch hat Italien 30.550 nei Corona-Fäll gemellt. 352 Mënschen, déi mam Virus infizéiert waren, si gestuerwen.
Als besonnesch kritesch gëllt den Ament d’Situatioun an de Regiounen, déi elo zu rouden Zonen erkläert goufen. Zu Mailand an Turin louch de sougenannten R-Wäert fir d’lescht bei iwwer zwee, dat heescht zéng Infizéierter stiechen am Duerchschnëtt méi wéi 20 aner Mënschen un.
Well d’Verhandlunge vun der Regierung mat de Regiounen iwwert déi nei Mesurë méi laang wéi erwaart gedauert hunn, trieden déi nei Virschrëften eréischt e Freideg a Kraaft an net schonn um Donneschdeg. D’Moossname gëllen elo emol bis den 3. Dezember.
A ganz Italien sinn d’Kinoen, d’Theateren, Fitnessstudioen a Muséeën zou. Weiderhin op bleiwe Liewensmëttelgeschäfter, Apdikten, Coiffeuren a Wäschereien. Och alleguer d’Industriebetriber schaffe weider. Wärend dem éischte Lockdown am Mäerz haten déi och missen zoumaachen.
