
D’Schwäiz steet nach ëmmer ënner Schock no dem tragesche Feier an der Nuecht op den 1. Januar zu Crans-Montana. D’'ynn Welter vun Olten am Kanton Solothurn iwwert d’aktuell Situatioun an d’Ambiance am Land.
Fir d’Schwäiz huet d’Joer traureg ugefaangen. D’Fändele bleiwen no der Brandkatastroph fir 5 Deeg op Hallefmast. Nächste Freiden ass een nationalen Trauerdag fir d’Affer geplangt. De Schwäizer Innenminister Beat Jahns ass e Samschdeg am Nomëtten op d’Onglécksplaz gereest a schwätzt vun engem déiwe Schock no dëser “onfaassbarer Tragedie”.
D’Solidaritéit ass grouss an d’ganzt Land trauert ëm déi 40 Doudeger a ronn 120 deels Schwéierverletzter.
D’Solidaritéit weist sech och op de soziale Medien, wou Famillen a Frënn op engem Instagram-Konto Informatioune probéieren zesummenzedroen zu de Leit, déi nach vermësst goufen. Zousätzlech bidde Privatpersounen an der Géigend vu Crans-Montana de Famillje vun den Affer op de soziale Medien Zëmmeren un, fir datt si kënnen an der Regioun iwwernuechten.
D’Solidaritéit weist sech awer och iwwert d’Grenze vum Land eraus, mat der Ënnerstëtzung vu sëllegen europäesche Länner, dorënner och Lëtzebuerg beim Transport an der Opnam vu schwéier verbrannten Affer.
D’Onverständnis, wéi et zu sou engem schwéieren Accident mat de Späizmännercher komme konnt, bleift och no e puer Deeg nach grouss. Am Kanton Wallis ass d’Gemeng zoustänneg fir d’Kontrollen zum Brandschutz, dës wieren och reegelméisseg am Bar “Le Constellation” duerchgefouert ginn, sou de Gerant. Mä et ginn Zweiwel, ob all d’Virschrëften agehale goufen. E Samschdeg huet de Parquet elo eng penal Enquête géint d’Geranten aus Frankräich wéinst dem Verdacht op onfräiwëlleg Kierperverletzung an onfräiwëllegem Doudschlag opgemaach.
Weider Artikelen zum Thema