ParlamentswalenD'Sozialiste wannen d'Neiwalen a Portugal

RTL Lëtzebuerg
Knapp 11 Millioune Mënsche waren e Sonndeg a Portugal opgeruff, en neit Parlament an de virgezunnen Neiwalen ze bestëmmen.
© AFP

D’Sozialiste vum Premier Costa hunn d’Parlamentswalen a Portugal gewonnen. Mat 117 vun 230 Sëtz krute si eng absolutt Majoritéit.

Déi virgezunnen Neiwale goufen am November aberuff, nodeems de Budgetsprojet vun der Minoritéitsregierung vum Ministerpresident Antonio Costa fir dëst Joer am Parlament net acceptéiert gouf.

Bis d’Mëttesstonn waren eng 24 Prozent vun de bal 11 Millioune walberechtegte Leit wielen. Dat sinn der méi wéi nach bei de leschte Legislativen am Joer 2019 ëm déi Zäit.

Wéinst der Pandemie hu verschidde Reegele missen ugepasst ginn, fir dass jiddereen och d’Chance krut, seng Stëmm ofzeginn. Esou duerften zum Beispill Leit, déi doheem a Quarantän sinn, ausnamsweis tëscht 18 a 19 Auer owes awer eraus, fir kënne wielen ze goen.

Portugisesch Staatsbierger hei aus dem Land konnten entweder per Bréifwal hir Stëmm ofginn oder awer och klassesch am Walbüro. Deen ass e Samschdeg schonn opgaangen. D’Ziedele vun der Bréifwal hu missen viru e Samschdeg fortgeschéckt ginn. D’Walbedeelegung vun de portugisesche Matbierger un de Walen an hirem Heemechtsland ass gemenkerhand net ganz héich. Dem Radio 100,7 no hätt et beim Verschécke vun de Bulletinen awer och technesch Problemer ginn. Verschidde Walziedele wieren op déi falsch Adress geschéckt ginn. Nëmme 75% vun den ageschriwwene Wieler hätten e kritt.

Back to Top
CIM LOGO