Sträit ëm GasfelderD’Tensiounen tëscht der Tierkei a Griicheland huelen zou

RTL Lëtzebuerg
Hannergrond ass e Sträit ëm Gasfelder, déi di lescht Joren am Mëttelmier entdeckt goufen.

Nodeems d’Tierkei Schëffer an der Géigend deployéiert huet, huet Griicheland dat selwecht gemaach. Den tierkesche President Recep Erdogan huet deklaréiert: „D’Tierkei wäert net noginn, fir seng Interessien am Mëttelmier ze verdeedegen!“ Hien huet seng Homologen, déi aner Länner also, agelueden kee Feeler ze maachen, déi zu hirem Ruin géinge féieren.

Frankräich, Italien, Zypern a Griicheland hunn trotz Tensiounen oder ebe grad dowéinst Militärexercicen am Ost-Mëttelmier um Programm.

Back to Top
CIM LOGO