Bis zu 230 Millioune Leit betraffD'USA bereede sech op de Wanterstuerm "Fern" vir

RTL Lëtzebuerg
A ville Bundesstaaten ass den Noutstand ausgeruff ginn an et ass schonn zu Hamsterkeef komm. De President stellt wärenddeem d'Äerderwiermung a Fro.
De Weekend gëtt een ongemittleche fir vill Amerikaner
De Weekend gëtt een ongemittleche fir vill Amerikaner
© CREATIVE TOUCH IMAGING LTD/NurPhoto via AFP

Schnéi, Glëtz, äiseg Temperaturen. Bis zu 230 Milliounen US-Amerikaner kéinten de Weekend vun engem vun de schlëmmste Wanterstierm aus de leschte Joren getraff ginn. An der Haaptstad Washington an a mindestens 14 Bundesstaaten, vun New York bis an Texas, ass den Noutstand ausgeruff ginn. D’Meteoservicer warne virun enger geféierlecher Kombi vu vill Schnéi an extrem niddregen Temperaturen.

Den Donald Trump notzt iwwerdeems d’Geleeënheet, fir de Klimawiessel a Fro ze stellen. Op senger Plattform Truth Social schreift hien “Kënnen d’Ëmweltaktivisten wgl. erklären - WAT ASS EIGENTLECH AUS DER GLOBALER AERDERWIERMUNG GINN???”

Dobäi sinn Experten sech eens, datt duerch de Klimawiessel d’Heefegkeet an d’Intensitéit vu Wiederextremer, wéi Stierm zum Beispill, zouhuelen. Klimawiessel heescht net, datt et ni méi kal wier.

Iwwer 160 Millioune Leit sinn den Ament en Alerte wéinst der Arrivée vum Stuerm «Fern». Et gëtt gewarnt, datt an den nördleche Bundesstaaten Minnesota an North a South Dakota d’Temperaturen op gefillt 45 Grad ënner Null fale kënnen. Bei deene Konditiounen kann een dobaussen an Zäit vun e puer Minutten erfréieren. A ville Supermarchéen ass et zu Hamsterkeef komm, an och den internationalen Fluchtrafick ass staark betraff. Dausende Flich si scho gestrach ginn.

Den Impakt vum Wieder op en Teller Spaghetti ass am Minnesota esou duergestallt ginn:

Back to Top
CIM LOGO