Wäisst Haus confirméiertD'USA zéie sech aus weidere 66 internationalen Organisatiounen zeréck

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Donneschdeg huet den US-President en Dekreet ënnerschriwwen, fir d'Vereenegt Staaten aus 66 weideren internationalen Organisatiounen zréckzezéien.
Dat agespuerte Geld soll an de Militärbudget fléissen, sou den Donald Trump
© AFP/ANDREW CABALLERO-REYNOLDS

D’Organisatioune géifen net méi den amerikaneschen Interessien déngen. Se wieren deels schlecht gefouert, verschwenderesch oder carrement vu vir eran iwwerflësseg, heescht et an der Begrënnung. Concernéiert ass beispillsweis de Populatiounsfong vun der UNO, de Weltklimarot IPCC oder Gremien, déi sech mam Fërdere vum demokratesche Wandel, der Geschlechter-Gerechtegkeet oder der Bildung beschäftegen.

D’USA wëllen déi Sue spueren an dofir méi an d’Verdeedegung investéieren - massiv méi. Bis 2027 solle 50% méi wéi bis ewell an d’US-Militär fléissen. Da kéim een op e Gesamtbudget vu ronn 1,5 Billiounen US-Dollar. D’Zäite wieren onroueg a geféierlech, seet den Donald Trump, dee sech iwwert déi Hausse, eegenen Aussoen no, och scho mam Kongress eens gi wier.

Als Verglach: China a Russland investéieren aktuell zesumme knapp 500 Milliarden an hir Arméien, d’USA da geschwënn dräimol sou vill.

Back to Top
CIM LOGO