
Dem President vun de Vereenegte Staaten no sinn d’Verhandlungen iwwert en Enn vum Krich an der Ukrain an der leschter an decisiver Phas. Den Donald Trump huet um Sonndeg säin ukraineschen Homolog a senger privater Residenz a Florida empfaangen. Kéim et net zu engem Accord, géifen d’Kämpf “fir laang Zäit” weidergoen.
Do virdrun hat den US-President méi wéi eng Stonn laang mam russesche President Wladimir Putin telefonéiert. Dësen hätt an engem “produktiven a gudde” Gespréich, genee wéi de Selenskyj, “eescht” Intentiounen, fir zu engem Friddensaccord ze kommen. Den Trump hätt dem Putin zougestëmmt, datt e Waffestëllstand an de Ukrain de Konflikt “nëmmen an d’Längt géing zéien, an d’Gefechter nees géife riskéieren, unzefänken”.
Den Donald Trump huet betount, dass d’Ukrain am Fall vun enger Eenegung “staark” Sécherheetsgarantië géing kréien, un deene sech och d’Europäer solle bedeelegen. Virun de Gespréicher zu Mar-a-Lago gouf et e gemeinsaamt Iesse mat der ukrainescher Delegatioun, un deem ënnert anerem den US-Ausseminister Marco Rubio, de Verdeedegungsminister Pete Hegseth, de Sonnerbeoptraagte Steve Witkoff an dem Trump säin Eedem a Beroder Jared Kushner deelgeholl hunn.

Russland hat virun der Renconter Trump-Selenskyj drop gepocht, dass d’Ukrain sech aus der Donbass-Regioun zréckzitt. “Kiew muss eng couragéiert Decisioun huelen”, sou de Juri Uschakow, Beroder aus dem Kreml an engem Interview. “Et wier klug, déi Decisioun sou séier wéi méiglech ze treffen”. Dem Uschakow no wäerte Putin an Trump no deem senger Renconter mam ukrainesche President nach emol mateneen telefonéieren.
Virdru wäerte Selenskyj an Trump och nach un enger Telefonskonferenz mat den europäeschen Alliéierte vun der Ukrain deelhuelen. Am Januar ass eng Renconter geplangt tëscht all dëse Parteien, sou de Wolodymyr Selenskyj no sengem Treffe mam US-President, an deem “vill Fortschrëtter” gemaach gi wieren.