USAD'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt op iwwer 100.000

RTL Lëtzebuerg
Duerch d'Coronavirus-Pandemie gouf elo déi traureg Grenz vun iwwer 100.000 Doudesaffer iwwerschratt. Ronn 1,7 Milliounen Leit gëllen als infizéiert.

D’Hausse bei den Doudesaffer loung déi lescht Deeg bei 700 pro Dag. E Mëttwoch ass se awer nees op iwwer 1.400 geklommen.

An awer ginn a villen US-Staaten d’Restriktioune wéinst der Pandemie opgehuewen. Restaurante si nees op, Entreprisen schaffe nees ganz an d’nächst Woch ginn och nees grouss Casinoen zu Las Vegas op.

Den amerikaneschen President Trump wëll d’amerikanesch Ekonomie jo sou séier wéi méiglech nees relancéieren.

Back to Top
CIM LOGO