
Och an de belsche Spideeler musse méi Leit betreit ginn, hei gëtt et eng Hausse vu 25% méi Patienten. Et ginn och 50% méi Doudeger. De Reproduktiounstaux an der Belsch läit elo bei 1,45.
Och an Däitschland klammen d’Zuelen. D’Robert-Koch-Institut warnt, datt ee misst konsequent Distanz halen oder de Mask undoen an d’Hänn propper halen. Bal 800 nei Fäll goufe bannent engem Dag registréiert. Viru Kuerzem waren et nach 500 den Dag. Leit, déi aus engem Risikogebitt zréckkommen, solle sech teste loossen.
D’Weltgesondheetsorganisatioun mellt en neie Rekord vun Ustiechungen. Mat Ofstand gëtt et déi meeschte Fäll an den USA an a Brasilien. Iwwer 15 Millioune Mënschen hu sech bis ewell offiziell mam Virus infizéiert. 630.000 hunn en net iwwerlieft.
A Frankräich ginn d’Zuelen och an d’Luucht. Et muss ee sech obligatoresch teste loossen, wann een aus engem vu 16 Risikogebidder zréckkënnt. Zum Beispill aus Serbien, Tierkei, Indien, Brasilien oder den USA.
