Een, deen elo kierzlech op dës Hëllef ugewise war, ass ee jonke Mann aus Pakistan. En hat et bis an Italie gepackt, krut awer all Demande op Asyl refuséiert an ass erëm a Bosnien zréckgedréckt ginn. Europäeschem Recht no ass déi Prozedur illegal awer Usus. De Petz Bartz hat d’Geleeënheet, iwwer Skype mam jonke Mann ze schwätzen.
Et kommen der all Dag duerch an d’EU. Gewalt géint Flüchtlingen ass en Ausdrock vu Frust an Hëlleflosegkeet, mee si ass sënnlos. Egal a wéi engem Land. A si ass illegal. Deen eenzege Wee wier, eng Demande op Asyl zouzeloossen. Dat krut den Zeeshan aus Pakistan net nëmmen a Kroatie refuséiert, mee am Juli och an Italien. No 12 Deeg duerch d’Bierger, vu Bihac a Bosnien aus, quasi ouni z’iesse, gouf en zu Triest an engem Park opgegraff an e krut e sougenannte Push-back vun Italien a Slowenien, vun do aus zréck a Kroatien, duerno vun de Kroaten zréck a Bosnien. Elo ass en zu Sarajevo.
“Si hu ganz schlecht reagéiert. Si hunn eis vernannt. Si soten: dir sidd eng Belaaschtung fir eis Gesellschaft. Dir sidd Déieren. Dir hutt kee Recht, an Europa ze liewen. Dir sidd Déieren aus Asien. Dat hu se eis gesot. Si hunn eis geschloen, d’Handyen ofgeholl a si hunn eis ëmmer erëm geschloen.”, esou den Zeeshan Mehmood, e Migrant aus Pakistan.
An engem Grupp zu 12 aus Pakistan goufe se zu Triest opgegraff. Recht op Asyl hätte se méiglecherweis ni kritt, well Pakistan keng Krichsregioun ass, mee Gewalt vun EU-Autoritéite kann net d’Äntwert sinn.
“Si hunn eis un déi kroatesch Police iwwerginn an déi waren immens brutal. Si hu sech komplett onverhältnesméisseg beholl. Si hunn eis mat hëlze Knëppel geschloen. Däitsch Schéiferhënn hunn eis ugebillt a mir haten immens Angscht. Heiansdo hu se Pefferspray benotzt, riicht an d’Aen. Mir waren esou midd a mir haten Angscht. Si soten eis: dir verdéngt et net, Deel vun der europäescher Gesellschaft ze sinn.”
Verschiddener hunn et alt bis eng Dose Mol probéiert. Och den Zeeshan, ier en den 20. Juli zu Trieste opgeflunn ass. Bis dohi war e virdrun ni komm. Et geet nëmme mat Schmuggler.
“Si froen eis zwee bis 3.000 Euro vu Bosnien an Italien. De ganze Wee vu Griicheland bis an Italie kascht 7.000 Euro. Mir hunn eng Hoffnung an déi kënne se net zerstéieren. Si hu vläicht Technologie an Equipementer, mee eis Hoffnung ass méi staark. All Mënsch huet e Recht drop ze liewen a mir sinn all Mënschen. All Mënsch huet e Liewe verdéngt a besser Chancen.”