Enke Match erwaartE Sonndeg si Parlamentswalen a Schweden

RTL mat AFP
D'Parlamentswalen a Schweden hunn e Sonndeg de Moien ugefaangen, mat engem enke Match tëscht dem Zentrum-Riets-Bündnis an der sozialdemokratescher Oppositioun um Programm.
De konservative Premier Ulf Kristersson féiert aktuell eng Minoritéitsregierung un, déi am Parlament op d'Schwedendemokraten ugewise bleift.
© JOHAN NILSSON/AFP

A Schweden hunn d'Parlamentswalen e Sonndeg de Moien offiziell ugefaangen. Erwaart gëtt sech en enke Match tëscht dem Zentrum-Riets-Bündnis aus der Regierung an der Oppositioun ënner der Féierung vun de Sozialdemokraten.

D'Walbüroe sinn e Sonndeg de Moien um 8 Auer opgaangen. De konservative Premier Ulf Kristersson féiert aktuell eng Minoritéitsregierung un, déi am Parlament op d'Schwedendemokraten ugewise bleift.

An de rezenten Ëmfroe louche béid Lager bal gläich op. D'Schwedendemokraten, déi an den Ëmfroen op ronn 20 Prozent vun de Stëmme kommen, wëllen dëst Joer fir d'éischte Kéier direkt matregéieren a fuerdere Ministerposte fir sech.

De rietse Block setzt weiderhin op eng strikt Politik géint Kriminalitéit an Immigratioun.

Op där anerer Säit wëll déi lénks Oppositioun d'Steiere fir Banken a Leit mat héijem Verméigen eropsetzen, fir méi Suen an d'Gesondheets- a Bildungssystemer ze investéieren an aarm Haushalter bei de Liewenskäschten ze entlaaschten.

D'Walbüroe maachen um 20 Auer zou.

Back to Top
CIM LOGO