Schwéier Zäite fir FluchgesellschaftenEasyjet wëll bal een Drëttel vun hire Leit entloossen

RTL Lëtzebuerg
Déi brittesch Bëllegfluchgesellschaft Easyjet misst 4500 Aarbechtsplazen opginn. Zanter Enn Mäerz sinn d'Fligere vun Easyjet um Buedem bliwwen.

De 15. Juni sollen erëm puer Fligere fléien, d’Zuel vun de Flich an den Destinatioune géif awer reduzéiert ginn. Easyjet géif mat deene Plazen ufänke, fir déi si mat enger grousser Nofro rechnen. Dat wiere virop Inlandflich a Groussbritannien a Frankräich. An den nächste Woche géif dann de Fluchplang ausgebaut ginn.

Virun Easyjet haten och scho British Airways, Ryanair a Virgin Atlantic ugekënnegt, datt si Mataarbechter missten entloossen.

Back to Top
CIM LOGO