US-President Biden erkläert Réckzuch aus der Course"Ech veréieren d'Amt, ma ech hu mäi Land nach méi gär"

RTL Lëtzebuerg
Den Joe Biden huet sech e Mëttwoch den Owend Lokalzäit aus dem Oval Office zu Wuert gemellt a sech un d'Natioun adresséiert.
© POOL/AFP/Evan Vucci

Hie wäert seng Mandatsperiod fäerdeg maachen, sou den US-President, deen dono d’Grënn fir säi Réckzuch aus dem Walkampf erkläert huet.

Hie géif säin Amt veréieren, mä säi Land nach méi, a perséinlechen Éiergäiz dierft net der Rettung vun der Demokratie am Wee stoen, sou en emotionalen Joe Biden. D’Zäit wier komm fir nei, frësch Stëmmen a fir d’Defense vun der Demokratie, déi um Spill steet. “Dat ass méi wichteg, wéi all Titel”, esou de Biden.

Kritik un Trump a Supreme Court

A senger Ried ass den Joe Biden och op fréier Presidenten agaangen a war a sengem Fazit kloer: Presidente si keng Kinneken. Datt hien domadder den Donald Trump gemengt huet, kann een esou interpretéieren, och wann hien et ni direkt gesot huet. Ma dëst war awer och e klenge Schlag a Richtung vun der US-Justiz, well de Supreme Court dem Donald Trump zum groussen Deel Immunitéit an der Strofverfolgung zougeschwat huet. Och huet de Biden gesot, datt hien dat iewescht US-Geriicht an de sechs Méint, déi him nach bleiwen, reforméiere géif.

A senger Ried war ze héieren, wisou vill Demokraten den US-President opgefuerdert hunn, fir net méi un de Presidentiellen deelzehuelen. Dacks huet hie sech verschwat oder huet Wieder oder ganz Sätz just ganz ondäitlech ausgeschwat. Weider war un der Stëmm vum Joe Biden ze héieren, datt hie rezent eréischt Corona hat.

Biden huet Prioritéite fir lescht 6 Méint

Zu kengem Ament ass den Joe Biden op eng aner Fuerderung agaangen, nämlech datt hien d’Amt elo scho sollt opginn. Éischter huet hien nach verschidden Themen opgegraff, déi hien nach ugoe wéilt. Nieft der Reform vum Supreme Court, sinn dat d’Lutte géint d’Waffegewalt an den USA an de Kampf géint de Klimawandel. “Ech wäert weider dru schaffen, datt Amerika staark bleift”, esou de Biden. Wat d’Aussepolitik ugeet, esou sinn et do den Noost-Konflikt an de Krich an der Ukrain, déi Prioritéit hunn.

Luef fir Harris

E Réckbléck op seng Amtszäit gouf et an der 12 Minutte laanger Usproch och. An do huet hie seng Vizepresidentin a wuel nei Spëtzekandidatin vun den Demokrate Kamala Harris gelueft a sech fir si als nächst US-Presidentin ausgeschwat. “Si huet Erfarung, si ass tough, si ass kompetent”, esou de Biden. Elo wier et un de Bierger vum Land, d’Wiel fir d’Zukunft vun den USA ze treffen.

Um Schluss huet hien de Bierger nach Merci gesot. “Néierens ausser an den USA hätt et e Jong aus Scranton, deen och nach tuddelt, an d’Wäisst Haus gepackt”, esou en emotionale Joe Biden. “Et war d’Privileeg vu mengem Liewen, dem amerikanesche Vollek fir 50 Joer gedéngt ze hunn”.

Back to Top
CIM LOGO