Trotz Gespréicher mat Russland an den USAEe séiere Fridden an der Ukrain schéngt onrealistesch

Marc Hoscheid
Jean-Marc Turmes
An der Haaptstad vun de Vereenegten Arabeschen Emirater verhandele Vertrieder vun der Ukrain, Russland an den USA iwwert een Enn vum Ukrainkrich. Ass eng Léisung vum Konflikt realistesch?
Eng Fra mécht zu Kiew Portraite vun doudegen Zaldote propper
Eng Fra mécht zu Kiew Portraite vun doudegen Zaldote propper
© SERGEI GAPON/AFP

De Marc Hobscheid an de Jean-Marc Turmes am Gespréich

De Krich an der Ukrain dauert lo scho bal véier Joer an d’Positioune vun den Ukrainer an de Russe leien einfach ze wäit auserneen, fir an zwee Deeg ee Fridden ze areechen. Mee et ass natierlech ee positiivt Zeechen, datt béid Säiten iwwerhaapt direkt matenee schwätzen. Et gouf jo scho sou Gespréicher, mee déi si scho Méint hier. An och wann do kee Fridden areecht gouf, ware sech déi zwou Säiten deemools awer doriwwer eens ginn, fir Gefaangener auszetauschen. Woubäi een op d’mannst an der Ukrain hoffen dierft, datt dës Kéier méi dobäi eraus kënnt.

D’Positioune vun deenen zwou Säite leie wäit auserneen, wat sinn déi Haapt-Knackpunkten?

Do geet et virop ëm Territoiren. Moskau fuerdert nach ëmmer, datt d’Regioune Luhansk an Donezk komplett russesch ginn. Dat refuséiert Kiew awer, well virun allem Donezk zu engem gudden Deel nach ëmmer vun der ukrainescher Arméi gehale gëtt an een net agesäit, Territoiren u Russland ofzeginn, déi den Noper nach net kontrolléiert. Russland huet bis elo argumentéiert, datt ee sech déi zwou Regioune souwisou ganz huele wäert, entweder duerch Verhandlungen oder eben um Schluechtfeld. Den Donbass ass aus zwee Grënn wichteg fir Russland. Engersäits, well do vill russeschsproocheg Leit liewen, déi Moskau no vu Kiew diskriminéiert ginn, anersäits gëtt et am Oste vun der Ukrain och vill Buedemschätz, notamment seelen Äerden, déi Russland gären ofbaue géing.

Doriwwer eraus geet et Russland och dorëms, datt d’Ukrain an Zukunft een neutrale Staat gëtt, also virop net der NATO bäitrëtt. Vun der NATO ginn et mëttlerweil och schonn däitlech Signaler, datt ee keng Memberschaft vun der Ukrain wëllt. Wärend dem Krich souwisou net, well dann automatesch déi ganz NATO am Krich mat Russland wier, mee wuel och net dono.

Wat ass mat den alternative Sécherheetsgarantien an der Roll vun den USA?

Kiew ass bereet, op eng NATO-Memberschaft ze verzichten, wann et aner Garantië kritt, datt Russland et e puer Joer nom Enn vum Krich net nees ugräife kann. An do gouf beim Weltwirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz eng definitiv Léisung fonnt, dat huet op alle Fall den ukrainesche President Selenskyj no engem Treffe mam US-President Donald Trump gesot, ouni awer Detailer ze nennen. Béid Presidente missten dat Dokument nach ënnerschreiwen an dono missten och d’Parlamenter vun deenen zwee Länner hire Feu vert ginn. Confirméiert gouf dat vun den USA bis elo nach net.

Wat d’Roll vun den USA bei de Verhandlungen ugeet, bleift ofzewaarden, ob se sech dorop beschränken, ze vermëttelen, oder ob se sech op eng Säit schloen. An der Vergaangenheet war den amerikanesche Chefënnerhändler Steve Witkoff, dee gëschter Owend respektiv hënt déck véier Stonne mam russesche President Wladimir Putin geschwat huet, alt scho mol dofir kritiséiert ginn, datt e quasi einfach all d’Fuerderunge vun der russescher Säit iwwerholl hätt.

A wat ass mat Europa?

Bei de Gespréicher zu Abu Dhabi si keng Vertrieder vun der EU oder eenzelen europäesche Länner mat dobäi. An domadder net genuch, zu Davos huet de Selenskyj Europa a senger Ried och nach massiv kritiséiert. Europa géing vill doriwwer schwätzen, wéi d’Zukunft soll ausgesinn, ma et géing awer net genuch dofir maachen, datt et och dozou kënnt. Europa bräicht eng eegen Arméi an dierft sech net just op d’NATO, also virop d’USA, verloossen.

Back to Top
CIM LOGO