RusslandÉischt Charge vum Impfstoff "Sputnik V" gouf scho produzéiert

RTL Lëtzebuerg
De President Vladimir Putin hat de Vaccin en Dënschdeg virgestallt an als sécher an effikass beschriwwen.
© AFP (Archiv)

Déi lescht Tester sinn nach net ofgeschloss, ma Russland huet, eegenen Aussoen no, déi éischt Charge vum neie Vaccin géint de Coronavirus produzéiert, mat deene Wieder hu russesch Noriichtenagencen de Santésministère zu Moskau e Samschdeg zitéiert. De President Vladimir Putin hat de Vaccin “Sputnik V” en Dënschdeg virgestallt an hat matgedeelt, datt eng vu sengen Duechtere scho mam Impfstoff behandelt gi wier.

Westlech Wëssenschaftler zweiwelen un der Vitesse mat deenen hir russesch Kolleegen d’Entwécklung weiderdreiwen an hunn hinnen e Manktem un Transparenz reprochéiert. Dës Woch sollt eigentlech elo schonn déi lescht Testrei mat méi wéi 2000 Probanden ufänken. Russland wëll dann den nächste Mount mat der industrieller Produktioun ufänken a vun Dezember, Januar u scho méi wéi 5 Milliounen Impfdosissen de Mount prett hunn. Fir d’éischt sollen d’Doktere geimpft ginn an dann de Rescht vun der Populatioun op fräiwëlleger Basis.

Mat méi wéi 900.000 registréierte Corona-Fäll, kënnt Russland weltwäit op véierter Plaz, hannert den USA, Brasilien an Indien.

Back to Top
CIM LOGO