Neit VerfarenÉisträichesch Schoule féiere Guergel-Test an

RTL Lëtzebuerg
An Éisträich gëtt eng nei Prozedur getest, well vill Leit den Echantillon an der Nues oder am Hals onangeneem fannen.

Eng representativ Grupp vu 15.000 Schüler an 1.200 Enseignanten aus 250 verschiddene Schoule wäerte vun Hierscht un eng nei Alternativ probéieren, fir gewuer ze ginn, ob se sech mam Coronavirus infizéiert hunn. Wéi den Educatiounsminister Heinz Faßmann ugekënnegt huet, ginn déi ausgewielte Persounen all 3 Woche getest.

Dat neit Verfare gouf vu Fuerscher vu Wien entwéckelt an ugangs Summer getest. Amplaz vum Ofstréch an der Nues oder am Hals gëtt hei e Guergel-Test duerchgefouert. Wärend 30-60 Sekonne mussen d’Testpersounen eng speziell Salzléisung guergelen, éier d’Prouf an de Labo geschéckt gëtt.

Schonn am Fréijoer goufen eng 5.100 Schüler a Proffen op dës Manéier getest. De Mikrobiolog Michael Wagner vun der Universitéit Wien ënnersträicht, dass änlech Resultater wéi bei de klassesche PCR-Tester erauskoumen. 80 Prozent vun de Prouwe bei Kanner aus dem éischte Schouljoer wieren deemno perfekt gewiescht. Ënnerscheed wier awer, dass de Guergel-Test däitlech méi angeneem fir Kanner soll si wéi déi klassesch PCR-Tester, déi am Hals oder an der Nues gemaach ginn.

Éier d’Tester an de Schoule lassginn, ginn den Ament scho Guergel-Tester op Walk-in- an Drive-in-Statiounen duerchgefouert, sou heescht et vun der Stad Wien. En änlechen Testlaf gëtt et och schonn zu Köln. Bei gudde Resultater ass et duerchaus méiglech, dass d’Guergel-Verfaren den Nuesen-Hals-Ofstréch an der däitscher Stad ersetze wäert, hunn d’Gesondheetsautoritéiten zu Köln ugekënnegt.

Back to Top
CIM LOGO