Doudesstrof ëmmer nach RealitéitElektresche Stull, Gëftsprëtz an elo ganz nei - Stéckstoff

RTL Lëtzebuerg
Exekutioune kennen déi meescht just nach aus de Filmer. Dobäi ass dat a 55 Länner weltwäit ëmmer nach Realitéit.

Déi lescht Deeg huet eng geplangten Exekutioun an den USA fir Diskussioun gesuergt. An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg ass den Amerikaner Kenneth Eugene Smith am US-Staat Alabama higeriicht ginn. Hie krut d’Doudesstrof, well hien 1988 en Optragsmord begaangen huet. Am Joer 2022 scho sollt hie mëttels Gëftsprëtz exekutéiert ginn. Deemools hat een awer keen Zougang fonnt fir d’Sprëtz an d’Hiriichtung huet missen ofgebrach ginn.

Elektresche Stull, Gëftsprëtz an elo ganz nei - Stéckstoff

Well et mat der Sprëtz deemools net funktionéiert huet, soll de Kenneth Eugene Smith dann dës Kéier mëttels Stéckstoff exekutéiert ginn. Dobäi kritt de Verurteelten eng Mask op d’Gesiicht, wou Stéckstoff erauskënnt. D’Persoun stierft dann u Sauerstoffmangel. Et ass déi éischte Kéier, dass dës Method bei enger offizieller Hiriichtung benotzt gouf, wat fir vill Onroue gesuergt huet. Eng ganz Partie Stëmmen, ënnert anerem Mënscherechtsexperten, sinn nämlech der Meenung, dass dësen Doud ze qualvoll ass a laang dauert. Et géifen nämlech keng wëssenschaftlech Beweiser dofir ginn, dass d’Inhalatioun vu rengem Stéckstoff kee schwéiert Leed mat sech bréngt.

De Kenneth Eugene Smith huet souwuel beim ieweschten US-Geriicht wéi och beim Appellsgeriicht gefrot, d’Exekutioun ze stoppen. Béid Demandë goufe refuséiert.

Doudesstrof - ëmmer nach eng Realitéit

Laut dem leschte Rapport vun Amnesty International (Mee 2023) ginn et weltwäit ëmmer nach 55 Länner, wou eng Doudesstrof ka verhaange ginn. An 144 Länner gëtt et keng Doudesstrof méi. Am Joer 2022 goufen 883 Exekutiounen an 20 verschiddene Länner dokumentéiert. A China sollen déi meeschte Leit exekutéiert gi sinn, genee Zuele ginn et awer net, well dëst als Staatsgeheimnis gesi gëtt. Et geet een dovun aus, dass a China 2022 dausende Leit exekutéiert goufen, am Iran méi wéi 570, a Saudiarabien waren et der 196, an Ägypten 24 an an den USA 18.
Am Joer 2022 goufen zum Doud verurteelt Persoune gekäppt, erhaangen, erschoss oder mëttels Gëftinjektioun exekutéiert.

An zu Lëtzebuerg?

Zu Lëtzebuerg gouf d’Doudesstrof am Joer 1979 ofgeschaaft. Am Gesetz vun 1879 stoung kloer, dass Verurteelter zu Lëtzebuerg de Kapp ofgeschloe kréien. Dëst gouf am Abrëll 1948 awer geännert an duerch “Erschéissen” ersat. Zënter dem zweete Weltkrich kruten zu Lëtzebuerg 18 Mënschen d’Doudesstrof. Eng Partie goufen exekutéiert, anerer goufe begnodegt. 1948 war déi lescht Exekutioun zu Lëtzebuerg. De Verurteelte gouf erschoss.

Back to Top
CIM LOGO