Op Walkampfmeeting zu Halle (D)Elon Musk setzt sech op en Neits fir AfD an

RTL Lëtzebuerg
Véier Woche virun de Bundestagswalen an Däitschland huet sech den Elon Musk op en Neits op grousser Bün an den däitsche Walkampf ageschalt.
© AFP

Op engem Walkampfmeeting zu Halle huet den Tech-Ris Reklamm fir d’AfD gemaach, déi vum Verfassungsschutz als deels geséchert rietsextrem ugesi gëtt.D’AfD wier déi bescht Hoffnung fir Däitschland, sot de Musk zu Halle an der Saale viru ronn 4.500 AfD-Sympathisanten. D’Alice Weidel wier als Kanzlerin “ganz gutt fir Däitschland”.

D’Alice Weidel huet an enger Ried gefuerdert, d’CDU sollt déi “ondemokratesch Brandmaueren” aräissen. D’Wieler wéilten eng Schwaarz-Blo-Koalitioun also eng Koalitioun vun Union an AfD. D’AfD géif dann och dem CDU-Kanzlerkandidat Friedrich Merz seng Propose fir méi eng streng Migratiounspolitik ënnerstëtzen. An deem Kontext huet d’Alice Weidel och nach emol ganz bewosst den Terme vu “Remigratioun” benotzt.

Och de warscheinlech nächsten éisträichesche Bundeskanzler Herbert Kickl vun der rietsextreemer FPÖ huet sech per Videomessage um Walkampfevenement zu Wuert gemellt. Et géif ee mat der AfD an dëser Walcampagne matféiweren, sot deen, deen den éischten FPÖ-Kanzler an Éisträich dierft ginn, nodeems déi viregt Koalitiounsgespréicher geplatzt waren.

Iwwerdeems huet den SPD-Kanzler a Spëtzekandidat Olaf Scholz de Friedrich Merz virun enger Zesummenaarbecht mat der AfD gewarnt. Et dierft een zu kengem Zäitpunkt, néierens mat rietsextreme Parteien zesummeschaffen, sou de Scholz zu Wiesbaden.

D’Event vun der AfD war begleet vu Protester. Ronn 9.000 Demonstranten hate sech virun der Hal versammelt. An och a villen aneren däitsche Stied si Leit géint Riets op d’Strooss gaangen e Samschdeg. An de leschte Sondagë kënnt d’AfD mat 20% Zoustëmmung hannert der Union op zweeter Plaz.

Back to Top
CIM LOGO