45 Milliounen Dollar de MountElon Musk wëll Donald Trump finanziell ënnerstëtzen

RTL Lëtzebuerg
Den Elon Musk soll wëlles hunn, all Mount 45 Milliounen Dollar un e politesche Fong mam Numm "America PAC" ze spenden.
© JIM WATSON / AFP

Dat schreift den amerikanesche Wall Street Journal. America PAC wëll d’Registréierung vu Wieler, dat virzäitegt Wielen an d’Bréifwal an de sougenannte Swing States fërderen.

Ënner Swing States versteet ee Staaten, an deenen d’Wieler bei den US-Presidentiellen net konstant fir de Kandidat vun enger Partei stëmmen. Dës maachen oft den Ënnerscheed, ob eng Presidentschaftscampagne erfollegräich ass oder net.

Den Elon Musk soll ee vun e puer räiche Sponsore vum Fong sinn. Donieft sollen och de Grënner vun der Software-Entreprise Palantir Joe Lonsdale, déi fréier amerikanesch Ambassadrice a Kanada Kelly Craft an d’Krypto-Investisseuren Tyler a Cameron Winklevoss Suen un de Fong gespent hunn.

Den Elon Musk hat leschte Samschdeg op X annoncéiert, dass hien den Donald Trump bei den amerikanesche Presidentiellen ënnerstëtze géif. Béid Männer hate sech am Mäerz op engem Evenement fir politesch Spenden ze sammelen a Florida kennegeléiert.

An den USA dierf ee maximal 3.300 Dollar direkt un e Kandidat spenden. Bei Spenden un Organisatiounen, déi Kandidaten ënnerstëtzen, gëllt dës Limitt allerdéngs net.

Back to Top
CIM LOGO