
De bayresche Ministerpresident huet aktuell déi bescht Chancen, fir d’Presidence vun der Unioun a fir d’Kanzlerkandidatur. 67% vun den Uniouns-Wieler halen an engem Sondage de Söder fir dee beschte Kandidat. 44% si fir de Friedrich Merz, 29% fir den Armin Laschet, de Ministerpresident aus Nordrhein-Westfalen an de fréieren Ëmweltminister Norbert Rötgen läit bei 18%.
Och an der ganzer däitscher Populatioun läit de Söder bei der Kanzlerfro däitlech vir.
