Covid-KnaschtËmmer méi Masken an Händsche verschmotzen d'Weltmierer

RTL Lëtzebuerg
D'Ozeane ware scho virun der Pandemie engem enormen Offallproblem ausgesat. Dëst kéint sech duerch d'Corona-Kris elo verschäerfen.

Déi franséisch NGO Mer Propre huet d’Ënnerwaasserwelt ënnersicht a gekuckt, wéi sech den Offall an de Mierer wärend de leschte Méint verännert huet. D’Aktivisten an Aktivistinne vun der Ëmweltorganisatioun sammelen nämlech reegelméisseg Knascht un de Stränn vun der Côte d’Azur a franséischer Mëttelmierküst an. Nieft de Béchsen, Plastiksfläschen a Verpackungen lande mëttlerweil och vill Händschen, Masken an Desinfektiounsmëttel am Waasser.

Et hätt een zwar net iwwerméisseg vill däers Knascht fonnt, awer den Ëmweltaktivist Joffrey Peltier warnt virun dëser neier Zort vun Ëmweltverschmotzung. Op Facebook schreift hien, dass een d’Gefor leeft, “geschwë méi Maske wéi Qualen am Mëttelmier” ze hunn.

Net just bei villen Awunner a Frankräich hunn déi rezent Decouverte fir Opreegung gesuergt. Déi franséisch Regierung huet ugekënnegt, d’Strofen op Verschmotzung vum ëffentleche Raum z’erhéijen. Wie säin Dreck op der Strooss illegal entsuergt, muss mat enger Geldstrof vun op d’mannst 135 Euro rechnen. Reagéiert huet och déi franséisch Politikerin Brune Poirson op Twitter: “Wa mir propper Mierer wëllen hunn, musse mir mat proppere Stroossen ufänken.”

Back to Top
CIM LOGO