Corona-Kris verschäerft politesch TensiounenËmmer méi politesch motivéiert Kriminalitéit an Däitschland

RTL Lëtzebuerg
D'Statistike vun der Police goufen um Mëttwoch presentéiert an zeechnen e Bild, dat Politiker an Experte Suerge mécht.

Si gesinn an de Statistiken d’Spigelbild vun enger staarker Polariséierung an de leschte Joren. Dës Entwécklung hätt sech duerch d’Corona-Kris nach eng Kéier verschäerft. Et wier erschreckend, datt duerch d’Kris nei Forme vun Haass an Hetz géifen opkommen, sot d’SPD-Justizministesch Christine Lambrecht.

De Chef vun der Inneministerkonferenz, den Inneminister vun Thüringen Georg Maier (SPD), huet vun engem “opgehëtztem politesche Klima” geschwat, dat zu Strofdote féiert, an och zu ëmmer méi Konfrontatiounen tëschent Rietsen a Lénken. Dat géif him vill Suerge maachen.

De Policestatistiken no ass d’Zuel vu Strofdoten, bei deenen een unhëlt, dass se e politescht Motiv haten, ëm 14,2% op 41.000 Delikter an d’Luucht gaangen. Iwwert d’Hallschent dovu geet op de Konto vun Täter um rietse Spektrum. Der Statistik no si riets Verbriecher verantwortlech fir déi meescht Fäll vu Kierperverletzung. Täter um lénke Spektrum sinn op där anerer Säit méi oft responsabel fir Brandstëftung.

De Rietsextremismus wier nach ëmmer déi gréisste Bedreeung, sot um Mëttwoch den däitsche CSU-Inneminister Horst Seehofer. Op d’Fro, op et en Zesummenhang tëschent dem Zouhuele vu rietse Strofdoten an den Aktioune vum rietsnationale Fligel vun der AfD géif ginn, sot de Seehofer, d’Bewäertung vun dëser Stréimung duerch de Verfassungsschutz wier “eine fachliche Entscheidung, die für unsere Demokratie hochwirksam war”. Den däitsche Verfassungsschutz hat dëse Fligel vun der AfD am Mäerz als “gesichterte rechtsextremistische Bestrebung” klasséiert.

Och d’Zuel vun antisemittesche Strofdoten ass 2019 geklommen, ëm 13% op 2.032 Delikter. 93% vun dëse Strofdote waren der Police no riets motivéiert. An och bei islamfeindlechen Strofdote ware ronn 9 vun 10 Täter um rietse Spektrum, hei goung d’Zuel vun Delikter ëm 4,4 Prozent op 950 an d’Luucht.

Zréckgaange sinn 2019 islamistesch motivéiert Strofdoten, ëm iwwert e Véierel op 425 Delikter. Däitschland wier aus der Vue vun terroristesche Vereenegungen am Ausland awer nach ëmmer e potentiellt Zil fir Attacken, esou d’Bundeskriminalamt.

An d’Luucht goung awer och d’Zuel vun Attacken op Mandatairen an Deputéiert, an zwar ëm en Drëttel op 1.674.

Fir d’Statistik ginn d’Strofdote scho beim éischte Verdacht erfaasst.

Back to Top
CIM LOGO