
Dem sächsesche Verfassungsschutz no sinn och Rietsextrem Gruppéierungen ënnert den Demonstranten.
Sëllege Policebeamten sinn op der Plaz am Asaz a versichen d’Demonstranten vun den honnerte Géigemanifestanten ewech ze halen.

D’Police aus Sachsen schreift op Twitter, dass et ëmmer nees zu Ausernanersetzunge kënnt. D’Lag wier den Ament immens dynamesch.
Virun zwou Wochen war eng grouss Demonstratioun vun der “Querdenken"-Beweegung zu Leipzig eskaléiert. Bal keen hat sech un d’Maskeflicht gehalen an et koum zu Ugrëff op Policebeamten a Journalisten.
